Aussprooch: éi - äi (A1)

Poterkëscht vum INLL - Un pódcast de Poterkëscht

Podcast artwork

Categorías:

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut trainéiere mir erëm bëssen d'Aussprooch. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Tranksript:   A: Wat ass den Ënnerscheed tëschent “e Accent aigu, i” an “ä, i”?  B: Dat ass eng gutt Fro!       D’Aussprooch vum “e Accent aigu an i” ass [ɜɪ]. Denk un Englesch “Hey”          oder “Ey”.      So eng Kéier: [ɜɪ].  A: [ɜɪ]  B: Tipptopp!       So eng Kéier “Äddi”.  A: Äddi  B: Beim “ä” maache mir de Mond grouss op: Äddi       Beim “é, i” ass de Mond méi zou wéi beim “ä, i” : [ɜɪ]      Beim “ä, i” ass de Mond méi grouss op wéi beim “é, i” : [æːɪ]      Lauschter eng Kéier: “ä, i” : [æːɪ]  an elo  “é, i” : [ɜɪ].      [æːɪ], [ɜɪ] [æːɪ], [ɜɪ].       So eng Kéier “äääiii”.  A: äääiii  B: An elo “éééiiii”.  A: éééiii  B: äi, éi, äi, éi  A: äi, éi, äi, éi  B: Tipptopp!      So eng Kéier “wéi”.  A: wéi  B: An elo “Wäin”  A: Wäin  B: So “wéi, Wäin”  A: wéi, Wäin  B: So “Wéi geet et dir?  A: Wéi geet et dir?                   (accentuer le Wéi)  B: So elo “Wäi geet et dir?”  A: Wäi geet et dir? (accentuer le Wäi)  B: Dat ass falsch, gell?      “Wéi geet et dir?” ass richteg.      “Wäi geet et dir?” ass falsch.      Hei sinn nach Wierder mat “äi” fir d’Aussprooch ze trainéieren:      Äis, äiseg, äiskal, Äiszäit, Zäit, Veräin, mäin, däin, säin, bäissen, Däitsch,       däischter, jäizen, näischt, Päischtvakanz, säit/Säit, wäiss.  A: Villmools Merci fir deng Hëllef!  B: Ganz gär geschitt!